5CLC1

Projet "One2one"

Description


Projet "One2one' op alle 6e Klassen am LRSL Am Kader vum Projet 'One2one' schaffen säit Ënn September vun dësem Schouljoer 2018/19 unn, déi véier 6e Klassen souwéi d'5CLC1 aus dem LRSL an alle Coursen mam iPad. Dëst ass eng flott Méiglechkeet fir nieft dem klassesche Buch, Heft a Stëft d' Matière vum Cours op eng spannend an innovativ Aart ze erliewen an zesummen an digital Welten virzestoussen.

Mir wënschen hinne vill Freed mat deem neien Outil. De Schüler an Enseignanten vun der 6CLC1 vum lëschte Schouljoer nach eng Kéier e grousse Merci, well duerch hiert exemplarescht Schaffen mam iPad an hier Motivatioun gouf dëse Projet op all 6e Klassen ausgedeent.

Fotoen

 Retour aux articles