Ausflug vum Fairtrade Comité de 5. Juli 2018

Description


Als Belounung fir hiren engagéierten Asaz am Laf vum Schouljoer 2017-18 konnten d’Schülerinnen a Schüler vum Fairtrade Comité de 5.Juli e klengen Ausfluch maachen an de Fräiliichtmusée Roscheider Hof zu Konz. Do hu si bei enger interessanter Féierung erliewe kënnen, wéi d’Leit an eiser Regioun virun iwwert 200 Joer geschafft, gewunnt a gelieft hunn. Besonnesch flott war et am Schoulhaus, wou si an deenen ale Bänke souzen an en Zäitsprong gemaach hunn vum Ipad bis bei d’Schifertafel. Duerno hu si selwer Hand ugeluecht andeems se Kären gemuel an aus dem Miel en Deeg gemaach hunn, deen als „Stockbrot“ iwwert der Glous vun engem selwer gemaachene Feier gebak gouf. An dem Hunsrücker Duerf, zwëschen deenen ale Bauerenhaiser matten an der Natur, hu se sech dat selwer gebaakten Brout gutt schmaache gelooss.

Roscheider Hof

 Retour aux articles