20180417-DSC02735

Voyage scientifique 2018

Description


De Voyage scientifique 2018 vum Lycée Robert-Schuman war vum 17. bis den 21. Abrëll an ass dëst Joer op München an op Heidelberg gaangen. Lass gaangen ass et fir eng Ronn 50 Schüler an 10 Proffen vun de Klassen 2BC2 an 2C1 Dënschdeg moies em 6 virun dem Lycée. No 3 Stonne Faart ass déi éischt Grupp vu Schüler zu Ludwigshafen bei BASF ukomm. Fir déi zweet Grupp Schüler ass d’Faart awer nach en kléngt Stéck weider gaangen bis op Heidelberg, wou si am Labo vun der Explo Heidelberg experimentéiert hunn. Am spéiden Nomëtten kruten d’Schüler nach en bësse Fräizäit zu Heidelberg ier se dunn all zesumme mat de Proffen a fréier Schüler vum LRSL iesse gaange sinn.

Um zweeten Dag ass dëst Kéier déi éischt Grupp d’Explo Heidelberg besiche gaangen an huet do am Labo un Malariaprouwen experimentéiert. Déi aner Grupp war d’”Deutsches Apothekenmuseum” besichen an d ‘Schüler konnten ënner anerem hier eegen Handcrème hierstellen. Am Nomëtte sinn se dunn all zesummen d’Ausstellung “Körperwelten” vum Guntger von Hagens zu Heidelberg besiche gaangen. Zwou Stonnen drop ass et dunn och schonn erëm mam Bus Richtung München weidergaangen. Géingt 22 Auer sinn se dunn bei der Jugendherberge zu München ukomm.

Den nächste Moien ass déi éischt Grupp den Neutronenfuerschungsreaktor vun der “Technische Universität München” (TUM) besiichtege gaangen. Hei kruten d’Schüler a klenge Gruppe Visitten iwwert de Site a kruten erkläert wéi hei mat Neutrone gefuerscht gëtt. Wärend dem war déi zweet Grupp zu Besuch bei BMW an huet do souwuel d’BMW-Welt, wéi och d’BMW-Wierk besichtegt. Am Nomëtte stoung eng gemeinsam Visitt vum “Deutsches Museum” um Programm. Am fréien Owend kruten d ‘Schüler e bësse Fräizäit an der Alstad vu München fir d‘Stat ze entdecken a fir de Shopping. Duerno sinn se all zesummen an de Biergarten vum Augustinerkeller iesse gaangen ier et erëm zréck an d’Jugendherberg gaangen ass.

De véierten Dag war dunn den aneren Deel vun de Schüler un der Rei fir d’BMW-Welt an d’BMW-Wierk besiichtegen ze goen. Wärend der Zäit hunn déi aner un engem Workshop an engem Virtrag vum Informatikdepartement vun der TUM deelgeholl. Mëttes gouf et eng Féierung vun der Stad München vun enger Guide, déi d ‘Schüler  zwou Stonnen am Bus begleet huet. De Rescht vum Dag waren d ‘Schüler erëm fräi fir sech nach en leschte flotten Owend zu München ze maachen. Et waren awer och zwee Proffen mat dräi Schüler Owes en Basketballmatch kucken.
wärend
Den nächste Moie géingt 9 Auer ass et dunn awer och sou lues erëm zeréck Richtung Lëtzebuerg gaangen. Et gouf awer nach en Stopp beim “Dornier Museum” bei Friedrichshafen ageluecht. Heibäi handelt et sech em ee vun de gréisste Fligerproduzenten aus dem 20. Joerhonnert. Dunn kruten d’Schüler nach eng Stonn Zäit fir séier eppes ze iessen ier et dunn awer zeréck Richtung Lëtzebuerg gaangen ass.

Redaktioun: Gianni Di Paoli (LRSL- classe 2CB)


Fotogalerie
Vidéo

 Retour aux articles