Rethink your clothes LRSL 2018

Rethink your clothes

Description


De Fairtrade Comité vum LRSL huet den 24ten Abrëll 2018, bei der Aktioun "Rethink your clothes" op der Place d'Armes matgemaach, déi vu Caritas a Fairtrade Lëtzebuerg organiséiert gouf fir un de 5. Joresdag vun der Katastroph vum Rana Plaza ze erënneren. Deemools ass eng Textilfabrick am Bangladesch zesumme gefall an huet iwwer 1000 Leit ënnert sech begruewen. Dat meescht waren Aarbechterinnen, déi do ënnert onmënschlechen Aarbechtsbedingungen geschafft hunn. Och bis haut, 5 Joer duerno, huet sech net vill un deenen Aarbechtskonditiounen geännert.

Vun eisem Fairtrade Comité waren 8 Schüler a Schülerinnen bei der Manifestatioun dobäi: Julia Zaglaniczny, Jonas Kleingarn, Angelina Kysil, Izabella Juniewicz, Evelyne Bous, Sven Serres a Jonathan Scherer an d'Anna Schroeder. Bravo fir Äre Courage an Engagement!

Artikelen:
Rethinkyourclothes.lu
Fairtrade.lu
Rtl.lu
Wort.lu
Delano.lu

Youtube Vidéo

 Retour aux articles