IMG 1178

Porte Ouverte 2018

Description


Den 28. Abrëll war am LRSL déi alljäerlech Porte Ouverte. Vill interesséiert Leit hunn de Wee an de Lycée fonnt, an d’Aula war bei deenen zwou Virstellunge vun eiser Directrice gerabbelt voll. Och am Rescht vum Lycée war eng Lass. An der Physik an an der Chimie konnten eis Gäscht flott Experimenter nokucken, an der Bio kruten si an Abléck ewéi een TP funktionéiert, an am Latäin hunn d’Schüler e flotte Sketch opgefouert.

Och déi Parascolaire Aktivitéite waren natierlech present. De Schumans Tube huet Filmer gewisen, d’éischt Hëllef Team en Androck vun hirer Aarbecht, d’Schülerzeitung „Fënnef vir Zwou“ huet extra fir d’Porte Ouverte eng nei Zeitung fäerdeg gestallt, d’Peer Mediatioun huet hir Aarbecht virgestallt an de Fairtrade Stand huet hire Verkafsstand presentéiert.

Den Ustuerm war grouss, an d’Porte Ouverte ee grousse Succès. En decke Merci un déi vill Schüler, déi et sech net huele gelooss hunn fir de Leit hire Lycée virzestellen, an och dem Personal an de Proffen, déi als Guiden a mat flotten Atelieren e liewege Lycée presentéiert hunn.

Fotogalerie

 Retour aux articles