Versammlung vum Schülercomité mat de Klassendelegéierten

Description


E Freideg, de 05 Januar huet de Schülercomité d’ Klassendelegéierten an de Festsall vum LRSL fir zwou Stonnen invitéiert. No enger kuerzer Presentatioun vun hire Memberen, goufen d’ Klassevertrieder op 4 Atelieren opgedeelt déi all véierel Stonn gewiesselt hunn. Themen vum Moien waren: Den IT Beräich vum LRSL, d‘ Kommunikatioun Schüler – Enseignanten, d’CNEL an Eventplanung. Dem Schülercomité e grousse Merci fir dee gelongenen Austausch.

 Retour aux articles