Sister Syria

My Sister Syria

Description


Freides den 19 Januar sinn 4CLC1, 3CD2G2 an 3CG1 an d’Abtei Neimënster gaangen fir d’Theaterstéck My Sister Syria kucken ze goen an goufen vun der Mme Theis, Mme Pierson, Mme Hopp, dem M. Colombo an dem M. Kieffer begleet. My Sister Syria ass en englescht Stéck geschriwwen vun Paul Stebbing an Phil Smith. Et handelt em eng jonk Aktivistin wat an London lieft an do scho Mësshandlung vun den Refugen materlieft, dann héiert Protagonistin dat eng Frëndin vun him an Syrien entféiert gouf an mécht sech dann direkt op den Wee an d’Krichsgebitt. Do mierkt et eicht richteg wat Krich heescht an wat d’Leit leiden mussen. D’Stéck gouf vun enger engleschen Grupp mat fënnef Acteuren gespillt, déi ganz minimalistesch mat mann Requisiten den gewënschten Message vun Schock a Wourecht iwwerbruecht hunn. My Sister Syria huet d’Themen wei Rassismus, Péng, Krich an Affer gutt vermëttelt, ganz besonnesch well des nach an villen Kontexter vun eiser Welt haut nach aktuell ass.

 Retour aux articles