14e Innovation Camp Jonk Entrepreneuren asbl mam Paul Wurth

Description


Mëttwochs den 22. November hunn den Liam Embleton an den Ben Farschon aus der 2eD1 um Innovation Camp an Kooperatioun mam Paul Wurth Deel geholl. Et ass drëms gaangen den Stol, deen duerch seng héich CO2 Emissiounen net nohalteg ass, duerch alternativ an nohalteg Materialien ze ersetzen. No enger klenger Presentatioun vum Paul Wurth, ass et dunn lass gaangen. D´Participanten goufen an Gruppen agedeelt an haten dunn Moies an Nomëttes Zäit vir no kreativen wei och innovativen Iddien ze sichen. Ziel war et, owes hir ausgeduechten Iddien virum Publik ze presentéieren. Falls se eng Kéier net méi weider woussten, stoung hinnen en Expert aus dem jeeweilegen Domaine zur Säit, deen hinnen spezifesch Froen ze beäntwerten wousst. Owes hunn d´Gruppen dunn hier Iddien virun all den Leit presentéiert ier den Jury sech zeréck gezunn huet wier aus all Domaine jeeweils den Gewënnergrupp ze decidéieren. No der Präisiwwerreechung konnten d´Participanten an den Publik sech bei engem Gedrénks austauschen, ier dunn en ustrengenden Dag op en Enn gaangen ass.


Perséinleche Commentaire:

Et war eng flott Geleeënheet sech an d´Lage vun engem Entrepreneur ze versetzen, deen versicht mat sengem neien Produit Fouss um Marché ze faassen. Wier erfollegräich ze sinn, huet en säin Produiten vun deenen aneren missten ënnerscheeden. Als Participant, konnt en d´Konkurrenz vum Marché besser verstoen, et war an der Sicht en liewegen Ecoskuer.

 Retour aux articles