Start Up 2

Start Up! 4.0 Entrepreneurship Workshop

Description


Dëst Joer huet d'Amerikanesch Ambassade nees hire Start-Up! Programm lancéiert, bei deem Schüler aus dem ganze Land sech umelle konnten. Och vun eiser Schoul hu fënnef Schüler deelgeholl a sinn eng ganz Woch laang all Dag no der Schoul e puer Stonnen an d'Ambassade gaangen. Bei dësem Programm ass et dorëms gaangen de Schüler ze weise wéi ee selwer eng Firma grënnt a wat eng sozial Entreprise ass. Dunn ass et drëms gaangen, dass d'Schüler a klenge Gruppen sech hier eege Firma ausdenke sollten. Dat Ganzt zwar och mat engem Concours verbonnen, an esou hunn se sech all de 4. Mee op der Pitch Night erëm gesinn, bei där et dunn dorëms gaangen ass, hir Firme virzestellen. Eis fënnef Schüler hunn excellent ofgeschnidden a konnte mat hire Firme punkten. De Ben Stemper, d'Caroline Resch an de Jaime Salvador Garcia hu mat hirer Firma den drëtte Präis gewonnen a kruten dräi Apple Watchen. Den Gianni Di Paoli an de Lele Yin hunn mat hirer Firma den Haaptpräis gewonnen a wäerten am Juli fir eng Woch an Amerika fléien, fir do un engem Entrepreneurship-Camp deelzehuelen. An dat Ganzt gëtt vun der US-Ambassade finanzéiert.

Chronicle.lu - A Boost for Young Social Entrepreneurs at Start Up 4.0

 Retour aux articles