P1480561

Porte Ouverte am Lycée Robert-Schuman

Description


E Samschdeg den 6 Mee hu vill interesséiert Schüler mat hiren Elteren de Wee muerges fréi an de Lycée Robert-Schuman um Lampertsbierg fonnt, fir eng vun deene klengste Schoulen am Land, am Häerz vun der Staat kennenzeléieren.

Duerch d’Presentatioun vum Lycée am Festsall, multilingual Visites guidées a Virféierungen an de Spezialsäll kruten déi Interesséiert en éischten Androck vun der Offer am LRSL a konnten sech och beim engagéierten Schoulpersonal iwwert de neien Projet d’établissement CREATE, d'Cours d'Appuien, d'Etudes Surveilléen, den Orientierungsportfolio an déi variéiert niewenschoulesch Aktivitéiten renseignéieren. 

Deene engagéierten aktuelle Schüler souwéi der gesamter  Schoulgemeinschaft seet Direktioun vum LRSL e grousse Merci fir déi waarmhäerzeg Ambiance a gelonge Porte Ouverte 2017. 

Fotogalerie

 Retour aux articles