9 mai 2017 - 1

Feier vum 9. Mee an der Maison Schuman

Description


Dëst Joer hunn de Mouvement européen Luxembourg (MEL), d'Representatioun vun der europäescher Kommissioun an d'Uni.Lu en Dënschdeg den 9 Mee d'Schumans-Deklaratioun am Robert Schuman sengem Gebuertshaus a Clausen grouss gefeiert.

Fir de Nowuess, eis Schüler, net ze vergiessen, gouf en Atelier am Paschtoueschhaus niewendrun organiséiert. Ganz motivéiert 3e an 2e Schüler vum Athénée, vum Lycée Josy-Barthel a vum Lycée Robert-Schuman hunn aktiv matgemaach. Vu datt dëst Joer och 60 Joer Réimer Verträg (25.3.1957) gefeiert gouf, war d'Thema vum Nomëtteg: L'Europe à la croisée des chemins oder wéi stelle si sech hir Europäesch Union vir. Hir Iwwerleeungen iwwert positiv an negativ Ännerungen, hir Wënsch an hir Ängschten sinn op dräi Mindmappen festgehale ginn. Duerno beim offizielle Fest, no de Rieden an nieft de Blummen, huet och jidder Schüler eng wäiss Rous virun der frësch ageweite Schumansplaque deponéiert. Et war en interessanten a sonnegen Nomëtteg an engem prachtvolle Kader.

 Retour aux articles