Wantermaart Scheckiwwerreechung

Wantermaart Scheckiwwerreechung

Description


Traditionell geet den Erléis vum Wanter/Chrëschtmaart, deen all Joer am LRSL organiséiert gëtt, un eng ONG. Dëst Joer hat d’Direktioun sech fir Sonflora entscheet, déi Kanner an Nicaragua et engersäits eng schoulesch Zukunft erméiglecht an hinnen anerersäits awer och Platz an Zäit gëtt, fir Kand ze sinn. Fir méi Präzisiounen verweise mir Iech op den Artikel, deen unhänkt.

Beim „Kachen & Brachen“ vun alle Klassen (ausser Première), déi um Wanter/Chrëschtmaart 2016 e Stand gemaach hunn, ass déi ganz beträchtlech Zomme vun 3840 € erakomm.

Mir soen nach eng Kéier alle Schüler, Professeren, Personal vum Lycée an net zulescht och den Elteren, déi eise Maart besicht hunn, e ganz grousse Merci fir hiren Engagement.

https://sonfloranicaragua.com/

 

 Retour aux articles