Researchers Days 3

Researcher’s Days

Description


Um Freiden den 2. Dezember hunn d'3eBC2 an d'4eM5 en Ausfluch op Esch-Belval an d'Rockhal gemaach, wou déi néngten Editioun vun de Researcher’s Days stattfonnt huet. Heibäi handelt et sech ëm eng Veranstaltung, wou déi verschidde Fuerscher aus dem Land hier Projeten an Aarbechte kënne presentéieren an och Kontakt mat de Leit hunn. Et geet dorëms, dem Public de Fuerscher hier Aarbecht méi verständlech ze maachen an hinnen ze weisen, dass och si nëmme ganz normal Leit sinn. An der Rockhal befannen sech eng Rei Stänn, e bëssi wei op enger Foire, wou een sech iwwer déi verschiddensten Themen informéiere kann. Déi ganz wëssenschaftlech Bandbreet gëtt ofgedeckt, dat heescht et geet vun de Gravitatiounswellen an der Physik iwwer d'Wierkung vu Sonnecrème bis hin zur Verdauung. Et ass also fir jiddereen eppes dobäi.

Nodeems sech d'Schüler moies op der Gare getraff hunn an du mam Zuch dohinner gefuer sinn, konnten si fräi duerch d'Hal goen a sech déi Stänn ukucken, déi si perséinlech interesséiert hunn. Moies gouf och eng Konferenz iwwer kënschtlech Intelligenz vum Patrick Glauner am "Science Café" gehalen, bei där hien eng Aleedung zu deem Thema ginn huet. Dës gouf vun enger interessanter Diskussioun tëschent de Schüler an him, wou si hier Meenung zu dem Thema äusseren awer och Froe stelle konnten, suivéiert. Am fréie Mëtten ass et dunn awer och schonn erëm fir d'Schüler mam Zuch zeréck Richtung Stad gaangen.

En Interview mam Patrick Glauner fannt dir an der nächster Ausgab vun der Fënnef Vir Zwou, der Schülerzeitung, op den Säiten 24-26.

Gianni Di Paoli (3BC2)

 Retour aux articles