Wantermaart 2

Chrëscht- & Wantermaart 2016

Description


Wéi all Joer, huet de LRSL um lëschte Schouldag op séin traditionelle Chrëscht- & Wantermaart invitéiert. Flott, originell an dekorativ Stänn mat Spiller, Eegekreatiounen, Iessen a Gedrénks hunn dat ganzt Gebai verzaubert. Si waren dëst Joer besonnesch kreativ an uspriechend ausgefall, well all Klass wollt de Präis fir de schéinste Stand, gestëft vun der Direktioun, erhaschen.

D' 7e Schüler hunn mat hirem Gesang fir déi passend Stëmmung am Festsall gesuergt an d'Publikum matgerappt. Och d'Elteren, déi virwëtze koumen, waren iwwerrascht vun der Diversitéit an hu lëscht Cadeauen besuergt.

D' Direktioun aus dem LRSL seet alle Schüler an Enseignanten sou wéi dem ganze Personal e grousse Merci fir de gelongenen Asaz um traditionelle Chrëschtmaart a wënscht allen schéi Feierdeeg an eng schéi Vakanz.

Wantermaart Fotoën

 Retour aux articles