Laboratory of experimental cancer research 2C

«Laboratory of Experimental Cancer Research»

Description


Den 18.11.2016 war d’2C op Visite an den «Laboratory of Experimental Cancer Research» .

An enger éischter Etapp, huet den Dokter Guy Berchem (oncologue) de Schüler op eng fir si ganz flott an verständlech Art a Weis erkläert, wat Kriibs ass, wéi Kriibs am Kierper entstoen an sech verbreede kann an wéi de mënschlechen Organismus sech normalerweis dogéint wiert.

Et ass de Schüler bewosst ginn, dass nëmmen wann d‘Fuerscher an Dokteren déi Verhaalensmechanismen vun Kriibszellen genauestens verstinn, si kënnen Medikamenter géint Kriibszellen entwéckelen.

No dem theoreteschen Deel, haten d’Schüler d’Méiglechkeet an d’Laboratoiren kucken ze goen, wéi Kriibszellen ausgesinn, wéi se wuessen gelooss ginn an wéi domatter geschafft gëtt.

En Abléck an den Alldag vum Fuerscher deen ganz beräicherend war.

En décke Merci un den Dokter Guy Berchem an seng Equipe!

 Retour aux articles