Journée de la recherche médicale 1

"Journée de la recherche médicale"

Description


De 26.11.2016 war d’2C  an de CHL op d‘ "Journée de la recherche médicale".

Nodeems de Schüler an Workshops d’Recherche Clinique, Dialyse an d’Biobanke presentéiert ginn ass, kruten si en Abléck an d’Recherche, déi sech zu Lëtzebuerg an deenen eenzelen Institutiounen (CHL, LIH, LCSB, FSTC) ofspillt an d’Ausbildung, déi d’Wëssenschaftler  brauchen, fir an der Recherche ze schaffen. Sechs Themeberäicher (Kriibs, Parkinsonkrankheet, Allergien, Häerzkreeslafkrankheeten, Sportsblessuren an Neurochirurgie) goufen presentéiert an et d’war jeeweils ganz interessant ze gesinn, wéi wichteg d'Zesummenaarbecht zwëschen dem Dokter, deen de Patient gesäit an dem Chercheur aus dem Laboratoire ass.

 Retour aux articles