Walfer Vollekslaaf 2016

Walfer Vollekslaf 2016

Description


E Sonndeg, den 2. Oktober, hunn sech moies fräi 23 LRSL-Schüler versammelt fir um "Challenge Marc Savic" vum Walfer Vollekslaf deelzehuelen.

Bei de Jongen hu mir mam Niall FOLEY eng 3. Platz verzeechnen. Den Kenny WOLMERING (9.) an den Dylan MATHAY (14.) komplettéieren dat gutt Resultat.

An och bei de Meedercher steet mam Lynn FEDERSPIEL eng LRSL-Leeferin um Podium (3.). Ausserdeem kommen d'Jessica an d'Jil SCUTO esou wéi d'Emilie PETERS an den TOP 20 bei de Meedercher. Duerch dës exzellent Equippenleeschtung beleeën si esou guer di 2. Platz am Equippeklassement vun de Meedercher.

Mir gratuléieren alle Leefer fir hier Leeschtungen!

 Retour aux articles