Logo

    

ECOLE AMBASSADRICE DU PARLEMENT EUROPEEN

Pour un lycée qui se nomme Lycée Robert-Schuman, s’inscrire pour être parmi les lycées d’enseignement luxembourgeois pilotes du programme «Ecole Ambassadrice du Parlement européen-Botschafterschoul vum Europäesche Parlament», fut une évidence.

Ce projet, initié par le Bureau d’information du Parlement européen a pour but de sensibiliser les élèves à la démocratie parlementaire et aux valeurs citoyennes européennes. Créer une collaboration de nos élèves avec le Parlement européen et ses députés, leurs permettra de comprendra l’importance des débats sur l’Europe et l’importance du vote aux élections européennes.

Le groupe «Junior Ambassadors» créé dans le cadre de ce projet et composé de 6 de nos élèves, a contribué à la réalisation de nombreuses activités visant à promouvoir l’esprit européen au quotidien.

En outre à l’initiative du Parlement européen et du Conseil de l’Union européenne de proclamer 2018 comme l’année européenne du Patrimoine culturel 2018, notre lycée s’est engagé à apporter son soutien aux projets européens Erasmus+ et poursuit une politique de développement de partenariats avec des acteurs du monde culturel. Dans cette logique notre lycée

  • a placé  la journée du 9 mai 2018 sous le signe du dialogue interculturel en accueillant le projet Erasmus+ "Europeans Values" conçu et organisé par l'Union Grand-Duc Adolphe. Pour célébrer la fête de l'Europe, les élèves du Lycée Robert-Schuman et les participants du projet européen se rencontrent dans des ateliers pour s'échanger et porter leurs regards croisés sur les valeurs de l'unité européenne.
  • a mis en place le projet “Better before” pour septembre 2018 impliquant des écoles d’Espagne, de Lituanie, de Grèce, d’Allemagne et de l’Irlande du Nord en collaboration avec le Centre national de l’audiovisuel, Dudelange.

En tant que Lycée Robert-Schuman, participer à des projets européens, nous semble une obligation.


Senior Ambassadeurs
 

  • M. Benoît SAUBER
  • M. David VITALI
  • Mme Mireille LUX
     

Facebook Account


Zanter dem Joer 2017 hëlt den Lycée Robert-Schuman um Programme « Ecole ambassadrice du Parlement européen » deel, an dem Kader fannen sämtlech europäesch Aktivitéiten statt. Op eiser Facebook-Säit bléift dir ëmmer um Courant an kënnt Iech bei Froen direkt un eis wenden.
 



Europe Corner &
Porte ouverte

 

Pour la journée « Porte ouverte au LRSL » du 11 mai 2019, le point d’information sur l’Europe a connu un lifting permettant aux élèves de la classe 3G1 participant au projet européen Erasmus+ « Better before » d’accueillir les visiteurs et de les informer sur les activités européennes au sein de la communauté scolaire du LRSL.

            


21. Mee 2019

Dënschdeg den 21. Mee hunn sech eis 2e Schüler am Festsall zesummefonnt fir eppes iwwer d‘europäescht Parlament ze leieren am Kader vun den Europawahlen. Ze dësem Zweck gouf Madamm Yuriko Backes invitéiert, Chef de la Représentation de la Commission Européenne. Am Ufank huet si d’Schüler gefrot, ob si scho Clichéen iwwer d’EU héieren hunn, déi si dunn opgedeckt a richteg erkläert huet. Duerno ass et weider gaange mat enger Presentatioun vun de verschiddene Pilier vun der EU wou d’Schüler d’Fonctionnement  beschriwwe kruten an sou demonstréiert krute wou déi Leit déi ee wielt bei dëse Wahlen hikommen a wat hir Aufgab ass. Zum Schluss koum nach eng Froeronn, bei der d’Schüler verschidde Statements a Froe konnte lassgi sief et zur Wahlflicht, Representatioun vun de Fraen an der europäescher Politik oder iwwer Artikel 13. 

Schmitz Rochelle (2G)


17. Mee 2019

De 17. Mee 2019 war zu Bréissel d'Benelux Finale vun der "European Youth Debating Competition". D'Thema vun dësem Joer war de Recycling vum Plastik a vun de petrochemesche Substanzen. Gesponsert gouf et vun "Young Leaders", "Plastics Europe" a vun der "EPCA". Um Event hunn ongeféier 100 Schüler aus der Benelux deelgeholl. Et hunn zwee Schüler an dräi Schülerinnen aus Lëtzebuerg matgemaach, dovunner d'Pauline Cano aus dem Lycée Robert Schuman. Déi aner Schüler a Schülerinne waren aus dem LCD an aus dem Kolléisch. Pauline Cano (4CLC1)

European Youth Debating Competition

 

10. Mee 2019

Den 10. Mee huet den European Parliaments Ambassador School Rallye zu Lëtzebuerg an der Stad stattfonnt. Et ware verschidde Stänn wou ee Froen iwwert d'EU an d'Geschicht vun der EU gestallt kritt huet. All d'Lëtzebuerg Botschafterschoule vun der EU hunn do matgemaach. Aus eisem Lycée, hunn 13 Schüler matgemaach.

Pauline Cano (4CLC1)


18. Dezember 2018

En Dënschden 18ten Dezember 2018 huet d‘Klass vun der 3G1 en Europastand organiséiert fir den Wantermaart am Lycée Robert-Schuman. Dobäi hunn se Schnittercher verkaf fir verschidden Länner aus der EU ze representéieren.Dorënner zum Beispill dat kroatescht Nationalgericht Cevapcici oder Schnittercher mat Brique an Drauwen déi Frankreich representéiert hunn.
 


14. Dezember 2018

Freides, de 14. Dezember hunn d‘2eCD1 an d‘2eCD2G2 eng Visitt duerch d’Cour de Justice Européenne gemaach an der Begleedung vun der Madamm Lux, dem Här Sauber an dem Här Vitali. D’Schüler krute fir d’éischt Raimlechkeete vum Geriichtshaff gewise wou si ënner anerem den Oflaf vun engem Prozess erkläert kruten. Dono goufen si vum Här François Biltgen, fréiere Justizminister an elo Riichter um europäeschen Geriichtshaff, empfaangen, den hinnen de Sënn hannert der Cour an de Fonctionnement vun enger Affär erkläert huet.
 


19. November 2018

E Méinden, de 19. November 2018, waren d'Isabelle Resch vun der 3ème an d'Pauline Cano vun der 4ème zu Bréissel am Europäesche Parlament am Kader vum "European Youth Parliament". Et goung drëm 10 politesch Iddien déi déi Jonk concernéieren ze developpéieren an déi dann dem Parlament ze presentéieren.

Et waren 800 Jonker vu 16 bis 25 Joer a vun all Member Staat vun der Europäescher Unioun dobäi. Et goung drëm fir 10 politesche Iddi zesummen auszeschaffen an déi dann dem Parlament ze presentéieren, ze diskutéieren an dono och doriwwer ofzestëmmen.

Zesumme mat Jonken aus anere lëtzebuerger Schoulen, hunn d'Isabelle an d'Pauline do eist Land vertrueden.


Lundi, le 19 novembre 2018, Isabelle Resch de la classe de 3ème et Pauline Cano de la classe de 4ème sont allées à Bruxelles au Parlement européen dans le cadre du "European Youth Parliament". 800 jeunes âgés de 16 à 25 ans de toute l’Europe s’étaient réunis à Bruxelles afin de  développer 10 idées politiques relatives à la jeunesse, idées qui étaient ensuite présentées au Parlement européen.

Avec des élèves d'autres écoles luxembourgeoises, Isabelle et Pauline ont représenté notre pays.

  


École Ambassadrice du Parlement Européen

Le 28 septembre 2018 notre école a reçu officiellement une plaquette qui la certifie comme École Ambassadrice du Parlement Européen. Deux membres de notre groupe de Junior Ambassadeurs, de même que 2 Senior Ambassadeurs et notre directrice, étaient présents à la cérémonie de remise de plaque dans le bâtiment Schuman au Kirchberg, en compagnie de 3 députés européens.
 


1. & 2. Juni 2018

European Youth Event, les 1er et 2 juin à Strasbourg. 13 élèves de 2e se sont glissés parmi les 6.000 jeunes européens dans les dizaines d’ateliers proposés chaque jour par le Parlement européen. Discuter du port du Burkini ou des prochaines élections européennes en 2019, participer à une recherche artistique ou visiter le Parlementarium avec son expo sur les actions de Simone Weil, 1e Présidente du Parlement européen élu au suffrage universel en 1979, écouter de la musique ou faire une courte visite à cette belle ville de Strasbourg, sans oublier les enrichissantes rencontres avec d’autres jeunes européens, .... vive le EYE .., à dans 2 ans! 

EYE2018 & Facebook

   


Fête de l’Europe 2018

Festivitéiten zum 9. Mee am Lycée Robert-Schuman Luxembourg (LRSL)
 

68 Joer ass et hier, dass de Robert Schuman, deemolegen Ausseminister vu Frankräich, um 9. Mee 1950 de Schuman-Plang zur Schafung vun enger Unioun fir eng gemeinsam Stol- a Kuelenindustrie virgestallt huet. All Grond also fir besonnesch am no him benanntene Lycée Robert-Schuman d’Fête de l’Europe eecht ze huelen, an aus deem Grond gouf et mëttwochs de 9. Mee och eng grouss Festivitéit am Festsall vum LRSL.
 

De ganzen Dag stoung Europa am Mëttelpunkt am LRSL, an d’Schüler hunn eng grouss Fête de l’Europe op d’Been gestallt. Als „École Ambassadrice“ huet de Lycée Robert-Schuman sech op de Fändel geschriwwen, déi Europäesch Wäerter héich ze halen an ënnert dem Motto vun "EUROPEAN VALUES“ sollten dës Wäerter an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, déi Europa esou wichteg fir déi eenzel Staaten maachen.

Weiderliesen
 


9. Mee 2018

 

Um Europadag, e Mëttwoch de 9. Mee war eise Lycée dëst Joer, vetrueden duerch de Schülercomité an zwee Memberen vum Comité de la Conférence vum LRSL bei der feierlecher Cérémonie beim Robert Schuman Monument dobäi an huet éng Gerbe néier geluecht fir hirem Namensvetter ze gedenken.


Reportage RTL


30. Abrëll 2018


D’Schüler vun den Klassen 2eD an 2eDG aus dem Lycée Robert-Schuman hunn e Méindeg, den 30ten Abrëll, den Europäeschen Geriichtshaff besicht. No enger Entrevue mam President vun der Cour François Biltgen, konnten si selwer d’Roll vun engem Iwwersetzer iwwerhuelen an kruten d’Gebailechkeeten an enger Visite guidée gewisen.    


Internetsäit


17. Abrëll 2018


Am Kader vum Projet « Junior Ambassadeuren » konnt 2D1 op Stroossbuerg d'Europa Parlament besiche goen. Endlech op der Platz ukomm, goufen d'Schüler an d'Proffen vun Guiden an Empfang geholl. Alles gouf strikt kontrolléiert well  den 17 Abrëll huet de Franséischen President Emmanuel Macron eng Ried virun dem Europa Parlament gehalen . D'Opreegung war grouss well hinnen versprach ginn ass, dass si sengem Diskuer nolauschtere wäerte kennen.
 

Di Haapt Renconter vun dëser Klass war mat der Madame Viviane Reding, eng lëtzebuergesch Deputéiert. No engem kuerzen Quiz iwwert Europa, ass Madamm Reding och komm an huet erkläert wat si als Deputéiert mëscht an wat hier Ideen fir d'Zukunft wären.  Als Deputéiert gëllt et een Projet virun d’ Parlament ze bréngen an deen dann widderrum mat villen internationalen Deputéierten ze beschwätzen an en nach ze perfektionéieren. Zum Beispill huet si 2012 e Projet iwwert den Dateschutz proposéiert, deen ab do fir ganz Europa applizéiert gëtt an wou sech elo souguer grouss Firmen wei Facebook elo halen sollen.

D’ Madamme Reding probéiert fir d'Zukunft eng grouss europäescht Arméi ze grënnen fir dat Europa een méi groussen Afloss kritt an dat d'Käschten och méi bëlleg géife ginn.

An Amerika hätten si zum Beispill nëmmen 30 Typpen vun Panzeren wärend mir an Europa 138 Aarten hätten. Wann Europa ee puer gemeinsam Aarten vun Panzeren hätten, géifen si 80 Milliarden spueren an als grouss Arméi gezielt ginn.

Madamme Reding huet och erkläert dat als Lëtzebuerger mir fir Europa hale mussen wéinst der Gréisst vun eisem Land. An well sech ëmmer méi Länner Europa den Réck zoudréine wëllen, kämpft si fir hinnen d'Aen op ze maachen.

Zulescht ass et och Richtung salle hémicycle gaangen, wou d'ganz Klass nach den Deputéierten hier Froen an den Här Macron seng Äntwerten nolauschtere konnt. Den Sall ass immens grouss an nëmmen mat e puer Fënsteren um Daach equipéiert. Den Verlaf an d'Verhalen vun den Deputéierten ass ganz aneschters wie een et ëmmer op der Telé gewisen kritt, et muss een schonn selwer dohinner goen fir et ze gleewen : Et waren Deputéierte, di mateneen gepotert hunn, anerer di di ganzen Zäiten um Handy waren an eng Fra huet souguer een Korsika Fändel wärend dem Macron säin Speach gewonk. Ausser dat ongewinnt Behuelen vu verschiddenen Leit, war et impressionnant wéi vill Sproochen op enger Kéier geschwat gouf an sou vill Dolmetscheren all di verschidden Sproochen an ee puer Sekonnen iwwersetzen missten. Och nëmmen als Visiteur huet een d'Wichtegkeet vun Meeting gespuert an wie all Wuert gemooss gouf.

Virun deem mir erëm de Bus geholl hunn, huet eis Madamme Reding generéis an der Kantin vum Europa Parlament agelueden.
 


26. Februar 2018


Den 26. Februar hunn d’ Junior Ambassadors aus dem Lycée Robert-Schuman am alen Hémicycle vum Europaparlament un engem Echange mat den 6 lëtzebuergeschen Europadeputéierten Deel geholl. Ziel war et gemeinsam Virschléi an Léisungen ze fannen ewéi en d’EU méi no un déi Jonk erun bréngt. D’Schüler aus dem Schuman haten do d’Iddi d’Mobilitéit tëschent den Jugendlechen an Europa nach méi auszebauen well si der Meenung sinn, datt nëmmen esou eng Europäesch Identitéit entstoen kéint. #EU4YOUTH

  


9. Februar 2018

Den 9. Februar haten d’Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman d’ Méiglechkeet sech mam lëtzebuergeschen Europadeputéierte Charles Goerens auszetauschen. Direkt am Ufank, huet de Charles Goerens d’Geleeënheet genotzt fir d’Schüler iwwert d’Erausfuerderungen an d’ Responsabilitéiten déi Europa an eisem Zäitalter dréit opzeklären. D’ Welt entwéckelt sech ëmmer méi schnell an déi aner Länner gewannen ëmmer méi un Afloss, wat derzou féiert datt Europa gezwongen ass sech an nächster Zäit  ze behaapten. Den eemolege Verdeedegungsminister emfënnt der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel hirem Saz « Wir schaffen das » géigeniwwer eng gewëssen Dankbarkeet a


wëllt guer net un d’ Konsequenzen vun engem Saz « Wir schaffen das nicht » denken. Des weideren ass hien der Iwwerzeegung datt d’Flüchtlingskris keng Kris wier, wann eng gerecht Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen a ganz Europa statt géing fannen sou den Demokrat : « Ech wunnen zu Schieren engem Duerf vu 1700 Awunner, eng gerecht Verdeelung géing bedeiten datt mir eng Mamm e Papp an hir Kanner géingen ophuelen an och integréiert kréien ». D’ Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman hu sech zu jeeweils engem Thema spezifesch Froen virbereet. Egal op Digitaliséierung, Flüchtlingspolitik oder Landwirtschaft, de Charles Goerens huet seng interessant Iwwerleeeungë mat de Schüler gedeelt.

D’ Angscht vun de Schüler virun de Gefore vun der Digitaliséierung konnt de Charles Goerens no- vollzéien. Déi digital Technologië sinn a sengen An Fluch a Segen zugläich. Si kënne Fortschrëtt an nei Méiglechkeetë fir d’Mënschheet duerstellen, mä  genau dës  Méiglechkeetë kënnen och géint d’Mënschheet benotzt ginn. Doropshin huet de Charles Goerens eng Parallel zum Holocaust gezunn. E wollt betounen datt  net nëmmen duerch déi antisemitesch Iwwerzeegung erfollegë  konnt, awer och duerch déi perfekt Organisatioun vum Nazi-Staat. Eis Gesellschaft brauch ethesch Prinzipien, besonnesch am Beräich vun der Digitaliséierung, well et kann ee vill Guddes domat erreechen, mee och negativ Entwécklungen ervirruffen wann een net oppasst.”                                                                     

Eng Schülerin huet hir Bedenken iwwert Bëllegfleesch geäussert. De Charles Goerens huet betount datt all Bierger an der EU Recht huet op e Fleesch dat de Qualitéitsnormen vun der EU entsprécht, an datt d’ Qualitéit vum Fleesch net vum Portemonni vum Consommateur ofhänken dierf. D’ Schüler wéi och den Europadéputéiert an d’ Enseignanten hu sech iwwert dësen interessanten a liewegen Échange gefreet. De Charles Goerens war  beandrockt vun  de pertinent a gutt recherchéiert  Froen vun den 2e Schüler. Ofschléissend, hunn eis Journalisten nach eng Rei Froë gestallt fir der LRSL-Schülerzeitung en interessante Reportage unzebidden.

De Lycée Robert-Schuman hëllt zanter dësem Joer um Programm « Ecole ambassadrice du Parlement européen » deel. Ziel vun dësem Projet ass et de Schüler d’ Europäesch Unioun méi no ze bréngen an den Austausch tëscht der EU an de Jonken ze verstäerken. D’ Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman kënne sech deemno op weider flott Échangë mat den Europadeputéiertë freeën ewéi och Visitë vun den Europäeschen Institutiounen maachen, zB vum Europaparlament zu Stroossbuerg, vum Parlementarium zu Bréissel oder vun der Cour de justice de l’ Union européenne hei zu Lëtzebuerg.

(Redaktion: Ben Farshon- 2D1 am LRSL)


12. Dezember 2017
 

Dëst Joer hat eis Europaequipe dunn och fir eng éischten Kéier en Stand um traditionellen Chrëschtmaart am Lycée Robert Schuman an huet Spezialitéiten aus deen verschiddenen europäeschen Länner ugebueden.


13. Oktober 2017


12 2e Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman hunn am Oktober un der Konferenz « Shaping the Europe of the future » zu Esch Belval op der Uni Deel geholl. No enger ganz emouvanter Ried vum fréieren Premier an haitegen Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker iwwert d’Zukunft vun Europa, war eng grad esou interessanter Table ronde ënnert anerem mam Viviane Reding, mam Jacques Santer an mam Claude Turmes. (Photo: c2dh)

Link